D’Verwaltung

D'Organisatioun vun der Verwaltung fir ëffentlech Bauten ass festgeluecht ginn duerch d'Kompetenzen, déi hir vum Gesetz vum 8. Mäerz 2017 attribuéiert gouffen an déi d'Gesetz vum 15. Juni 2004 ergänzen.

Si ass haaptsächlech responsabel fir d'Etuden an d'Ausféierung vun den neien ëffentleche Gebaier ze finanzéieren, dorënner hiren Equipement an den Aussenberäich, d'Studie an d’Ausféierung vum Ëmbau, Ausbau an vun der Sanéierung vun ëffentleche Gebaier, wéi och d’Opstellung an d‘Gestioun vun Inhalterprogrammer fir ëffentlech Gebaier, hiren Equipement an den Ausseberäich.

D'Verwaltung gëtt vun der Direktioun geleed, däer "d’Division des travaux neufs", "d'Division de la gestion du patrimoine" an den "Service des ateliers" ënnerstallt sinn.

Aktualiséiert